An eisem Klenge Floumaart a Second-Hand-Shop Lang kënnt Dir Iech op d'Sich no neie Liblingsstécker maachen an Iech fir e klenge Präis voll ausstatten.

Floushop Lang – Liblingsstécker
zum klenge Präis

Kontakt maachen ➝
fleyer 1 secondhandshop

Déi eege finanziell Situatioun erlabt et net ëmmer, sech déi neiste Wuer unzeschafen. Dat muss och net sinn, well et ass déi méi nohalteg Alternativ, Occasiouns-Miwwelen, -Haushaltsapparater a soss Géigestänn weider ze benotzen.Wann ee geplënnert ass, feelt et oft um néidege Klenggeld, fir sech direkt komplett anzeriichten – mir erméiglechen Iech eng komplett Ausstattung zu bezuelbare, soziale Präisser.

An eisem Floumaart a Second-Hand-Shop hu mir vill flott Stécker gesammelt, déi op e neie Proprietär waarden. Egal ob Miwwel, Kichegeschier, Luuchten, Elektroapparater, Kristallwuer – maacht Iech op d’Sich, fir bei eis Stécker fir e klenge Präis ze fannen, un deenen Dir nach laang Freed wäert hunn. Op Wonsch liwwere mir Iech Ären Akaf och direkt bei Iech heem. Schwätzt eis einfach drop un.

Firwat net
soen?

Schreift eis eng E-Mail iwwer de Formulaire,
oder schéckt eis einfach eng E-Mail direkt op
mail@klengen-transporter.lu

oder rufft eis un op der Nummer

+352 621 641 176

Floushop.

Rue de L’eau
7465 Nommern
Luxembourg